Rekrutement vun neie Memberen

LOGO syndicat winseler noir-blanc

 

An de Statuten vum Syndicat d’Initiative vun der Gemeng Wanseler (SIW) aus dem Grënnungsjoer 1982 ass folgendes festgehale:

Art. 3) Le syndicat est un organisme d’intérêt communal ayant pour but de défendre et de promouvoir l’industrie touristique sur la base communale et intercommunale, il a pour but tout ce qui se rapporte à l’extension touristique en général et de promouvoir la vie culturelle.

 

Art. 4) Sa durée est illimitée, son caractère est neutre en matière religieuse et politique.

Dëst ass haut och nach ëmmer de Fall. De Syndicat d’Initiative huet keng religiéis Ausriichtung an ass fir Religiounsfräiheet oder Religiounslosegkeet. (¹)

Dat selwecht gëlt fir d’politesch Ausrichtungen. De SIW huet keng politesch Richtung an ass fir politesch Fräiheet, hien ass onparteilech. (²)

Esou wäit zu Artikel 4. vun de Statuten.

Artikel 3. seet eis, dass de Syndcat d’Initiative eng Vereenegung ass, déi am Gemengeninteresse schafft, an zwar am Sënn vum Tourismus a vun der Kultur.

 

An domadder sinn d’Limiten festgeluecht! Awer och d’Fräiheete vum Syndicat!

 

D’Limiten hu mer virdrun ënner (¹) an (²) gesinn! Mir lossen all Mënsch séng religiéis a politesch Fräiheet!

Mee soss sinn dem Syndicat d’Initiatve keng Grenzen gesaat!

Wou sinn d’Grenze vum Tourismus?

 

Wann et och schéngt, datt mir keen Tourismus an der Gemeng Wanseler méi hätten, esou ass dat nëmmen virdergrënnig wouer! Mir hunn nach kilometerweis Wanderweeër duerch eis Gemeng. Sie kënne momentan net méi vum SIW ënnerhaale ginn. Mee sie warden alleguer drop, datt si fir d’Wanderer méi interessant, méi informativ gestallt solle ginn. Mee doriwwer misst een emol eng Kéier grëndlech nodenken ….

Wou sinn d’Grenzen vun der Kultur?

D‘Kultur huet keng Grenzen! Si besteet aus der Gesamtheet vun de geeschtegen a kënschtlereschen Ausdrocksformen vun de Mënschen. Och, a besonnesch als Syndicat d’Initiative hu mer a béidem immens vill Méiglechkeeten aktiv ze sinn an ze ginn. Kucke mer nëmmen op dat kënschtlerecht, wou besonnesch Musek a Gesank, an all hire Formen grouss Rolle spillen. An dat wat d’Ausféierung wéi och d’Organisatioun vu Museksveranstaltungen uginn. Kucke mer awer och op dat geeschtlecht, wou d’Schreiwen an d’Liesen derzou gehéieren. Mat der „Hobitz“ droe mer als SIW scho säit dem Joer 1984 zum Gedächtnis vun eiser Gemeng bei. An dat soll och nach esou bleiwen!

Altersméisseg:

 

Mir sinn net gebonnen un eng Altersgrupp:

  • Mir hunn d’Méiglechkeet Organisatiounen fir d’Jugend oder mat der Jugend ze maachen.
  • Dat selwecht gelt fir de fortgeschrattenen Alter.

Mir sinn net gebonnen un en Thema:

  • Mir kënne selwer organiséieren oder mir kënnen Organisatiounen bei eis, fir d‘Leit, engagéieren.

Mat dëse Beispiller, déi nëmmen e puer vun nach weideren duerstellen, hu mer schon, esou hoffe mer wéinstens, eng kleng Grondlag geluecht fir eise Syndicat d’Initiativ. An duerfir menge mir datt et fir jidder Awunner vun eiser Gemeng, ob jonk oder al, interessant wär, dem Syndicat d’Initiative beizetrieden. Mir freeën eis op Iech.