Heimat musse mir leider matdeelen dass eisen Trëppeltour den 07.10.2023 oofgesoot gi muss wéinst Mangel un Aschreiwungen. Et deed eis furchtbar Leed mee et geet leider net aanescht. Déi Leit déi schon eng Iwwerweisung gemaach hunn, ginn an den nächsten Deeg kontaktéiert a gi rembourséiert.
Mir analyséieren de Problem a wäerten probéieren fir d‘nächst Joër mat engem neien Konzept rëm ze kommen.
Mir soen alleguer den deelhuelenden Veräiner an och de Leit dobaussen e grousse Merci fir den Interessi an hoffen dass et d‘nächst Kéier besser gëtt.
Lo konzentréieren mir eis mat vollem Ellan op eis zwou lescht Organisatiounen dëst Joër, der EXPO (27.10.-05.11) an dem Chrëschtmaart (25.11-26.11).
Mir hoffen dass mir do zählreich op Iech zielen kënnen. Verhaalt Iech d‘Datumen.
Mir soen Iech Merci a bis geschwënn.
Comité vum SIW
PS: Falls dir Ureegungen, Iddien oder Reklamatiounen zu eisem Trëppeltour hutt dann deelt eis dës w.e.gl. mat. Nëmme sou kënne mir d‘Organisatioun an der Zukunft besser maachen.
info@wansy.lu